Fuersch duer um Naturparkfest !

Alle Neuigkeiten

Fuersch duer um Naturparkfest !

En Sonndeg ass et erëm sou wäit: Dat Grousst Naturparkfest fënnt en Sonndeg, den 07. August vun 11h00 bis 18h00m am Parc Housen statt!

Entdecken, fuerschen an erliewen – ënnert deem Motto steet och déi 9. Editioun vum Naturparkfest am Parc Housen. 30 Workshops an Atelieren, déi ronderëm d’Auer zougänglech sinn animéiere virun allem Kanner a Familljen d’Charakteristike vun engem Naturpark a seng villfälteg Aarbechtsberäicher aktiv kennenzeléieren. Ee besonneschen Highlight sinn déi impressionant Science-Shows vum Joseph Rodesch (alias Mr. Science) a vum Michael Bradke (Mobiles Musikmuseum).

Déi Kleng kënnen um Naturparkfest net just een immens ofwiesslungsräichen Dag verbréngen, mee kréien och een Diplom fir hiert Matmaachen a gewanne mat bësse Chance och nach ee flotte Präis.

D’Entrée ass gratis!

Programm:

11h00: Offiziell Ouverture a Präsenz vun der Madamm Minister Joëlle Welfring

vun 11h bis 18h00: 30 fräi zougänglech Atelieren an Workshops ronderëm den Centre Ecologique

13h30 an 15h30: Science Show mam Joseph Rodesch (alias Mr. Science)

14h30 an 16h30: Science Show mam Michael Bradke (Mobiles Musikmuseum)

Animatioun iwwert den ganzen Dag mat der Päerdskutsch vun der Robbesscheier, Sprangschlass, Waasserorchester, Naturpark-Expo , Insekten-Superhelden a Gefor – Ausstellung

14h00, 15h00 an 16h00: Guidéiert Visiten bei den Beienstack (Umellung um Atelier Nr. 27)

11h45, 12h45, 13h45, 14h45 an 15h45: Workshop – D’Welt vun den Päiperlécken (Umellung um Atelier 27)

18h00: Ofschloss mat Zéiung vum groussen Gewënnspill