Loading Events

Événements

Tous les événements

SA 31.07.2021: Vun der Kou bis zum Botter

Wann s du schonn ëmmer wëssen wollts wéi Botter gemaach gëtt, bass du hei richteg!

Mir ginn zesummen an de Stall a léieren eis Kéi an hier Kälwercher kennen.

Duerno maachen mir zesummen Botter, wéi dat fréier schonn gemaach gouf. An eisem Gaart sichen mir eis déi passend frësch Kraider eraus fir eise Botter eisem Geschmaach no ze verfeineren.

 

Dëst ass eng Aktivitéit organiséiert vun der Ferme pédagogique Um Knapphaff an Zesummenaarbecht mat der École du Goût vun den Naturparken.

Wichteg : Aal an dem Wieder ugepasst Kleeder an fest Schong !

 

Umeldung per Email oder Telefon:
reception@naturpark-our.lu
Tel.: +352 90 81 88 -1

Käschten: 5 €
Maximal Unzuel: 8 – 12
Alter: 6-12 Joer

31/07/2021 (14:00h-17:00h)
Activités d'enfants
5€
Duerfstrooss 55 Knaphoscheid | Luxemburg
Parc naturel de l’Our
+352 908188 1