Loading Events

Événements

Tous les événements

SA 14.08.2021: D’Hong a seng Eeër

Mir ginn zesummen op den Héngerjuck a maachen eis op d’Sich no den Eeër. No der ustrengender Sich hunn mir natierlech Honger. Dofir bereede mir een Deeg fir a bake Paangecher um Feier. Mat frësche Kraider aus eisem Gaart erfanne mir eisem perséinlechen Goût no nei Paangech-Kreatiounen.

Dëst ass eng Aktivitéit organiséiert vun der Ferme pédagogique Um Knapphaff an Zesummenaarbecht mat der École du Goût vun den Naturparken.

Wichteg : Aal an dem Wieder ugepasst Kleeder an fest Schong !

Umeldung per Email oder Telefon:
reception@naturpark-our.lu
Tel.: +352 90 81 88 -1

Käschten: 5 €
Maximal Unzuel: 8 – 12
Alter: 6-12 Joer

14/08/2021 (14:00h-17:00h)
Activités d'enfants
5€
Duerfstrooss 55 Knaphoscheid | Luxemburg
Parc naturel de l’Our
+352 908188 1