Lade Veranstaltungen

Veranstaltungen

Alle Veranstaltungen

SA. 13.11.2021: Hierscht am Bësch – Spill a Spaass fir déi ganz Famill!

Hutt dir Loscht op eng flott Aktivitéit am Krees vun äre Léifsten? Spilleresch entdecke mir den Hierscht am Bësch an interesséieren eis ganz besonnesch fir Déieren, déi et do ginn. Wou genau liewen si, wat iessen si a wéi bereede si sech op de kommende Wanter fir? Als kleng Erënnerung bastele mir zesummen een Déirenofdrock vun engem Wollef, Fuuss, Réi oder engem Wëllschwäin.

Auerzäit: 14:30 – 17:00

Treffpunkt: Place Vic Abens L-9410 Vianden. 

5 € / Persoun

Max. 9 Persounen

Umeldung: myriam.zimmer@naturpark-our.lu

Denkt w.e.g. drun Iech e kléngen Snack an eppes fir ze drénken mat anzepaken.

13/11/2021 (14:30h-17:00h)
Kinderaktivitäten
5€
Luxemburg
Naturpark / Kinderaktivitäten