Loading Events

Veranstaltungen

Alle Veranstaltungen

SA. 22.07.23: NightLight Experience

Am Kader vum Aktiounsplang “’Eislek am neie Liicht” huet den Naturpark Our déi grouss Freed Iech alleguer op eng

NightLight Experience –  Samschdes, den 22. Juli vun 18.00 bis 24.00 Auer am an ronderëm den

Centre Ecologique am Parc Housen ze invitéieren.

Et erwaart Iech en flotten an interaktiven Owend fir Grouss an Kleng ronderëm d’Astronomie, den Nuetshimmel,

d’Liichtverschmotzung an och d’Déierewelt an der Nuecht.

 

Atelieren & Aktivitéiten

Virum Centre Ecologique

  • Lampionen bastelen
  • Feier maachen
  • Déi klengst Täscheluucht
  • Käerzen hierstellen
  • Déieren an der Nuecht

Am groussen Festsall

  • Mobile Planetarium
  • Stärebiller
  • D´Naturparken zu Lëtzebuerg – (een) INSEKTERÄICH

Hannert dem Centre Ecologqiue

  • Sonn- a Stärebeobachtung
  • Gutt-Nuecht-Geschicht am Tipi

Um 1ten Stack

  • Klanglandschaften an der Nuecht – Soundinstallatioun

Arboretum

  • Lagerfeier bei der Grillhütt
  • Nuetspäiperleken

 

Programm

op Umeldung um Informatiounsstand

Klanglandschaften an der Nuecht

  • Ecoacoustics – Vitrag 18.30 ¦19.30 ¦ 21.30 Auer
  • Soundwalk am Bësch 20.15 ¦ 22.15 1 23.15 Auer

Astronomie

  • “Goldene Stunde” – Virtrag 20.00 Auer
  • “Blaue Stunde “ – Virtrag 22.00 Auer
  • Stärewanderung 23.00 Auer

Nuetspäiperleken 22.30 ¦ 23.00 ¦ 23.15 ¦ 23.30 ¦ 23.45 Auer

 

op Umeldung direkt beim Atelier

  • Mobilen Planetarium (am groussen Festsall)
  • Gutt-Nuecht-Geschichten am Tipi (hannert dem Centre Ecologique)

 

Liichtberodung um Informatiounsstand

19.00 bis 20.00 Auer & 21.00 bis 22.00 Auer

22/07/2023
Allgemein
Free
12, Parc Hosingen | 9836 Luxemburg
Naturpark Our
+352 908188 1