
Veranstaltungen
DI. 16.11.2021: Hierscht am Bësch – Spill a Spaass ënnert de Beem!

Hutt dir Loscht op eng flott Aktivitéit am Krees vun de Kolleegen? Spilleresch entdecke mir den Hierscht am Bësch an interesséieren eis ganz besonnesch fir Déieren, déi et do ginn. Wou genau liewen si, wat iessen si a wéi bereede si sech op de kommende Wanter fir? Als kleng Erënnerung bastele mir zesummen een Déirenofdrock vun engem Wollef, Fuuss, Réi oder och vun engem Wëllschwäin.
Alter: 6 – 10 Joer
Max. 10 Kanner
Auerzäit: 14:30 – 17:00
Treffpunkt: Centre écologique Parc Housen. Adress: 12 Parc L-9836 Hosingen
Umeldung: myriam.zimmer@naturpark-our.lu
Denkt w.e.g. drun de Kanner e kléngen Snack an eppes fir ze drénken mat anzepaken.
16/11/2021 (14:30h-17:00h)
Kinderaktivitäten
5€
Naturpark / Kinderaktivitäten
+352 90 81 88 1
